Portrait vum Anne Faber

Numm? Faber
Virnumm? Anne
Joer vun der 1re? 2002
Wat méchs du hautzedaags?         Ech schreiwe Kachbicher, produzeieren Teléssendungen, ginn Kachkueren an machen alles wat Anne’s Kitchen ass.  
Wat begeeschtert dech am meeschten an dengem Beruff?           Dass all Dach aanescht ass an ech mäin eegenen Boss sinn a ganz vill Fräiheet hun.        
Wat ass deng beschten Erënnerung un de Kolléisch?         Bei Kolleisch in Concert matzemachen. An de Kleeschen – wat war dat all Keiers Chaos am Haus wann deen komm ass!    
Wat huet de Kolléisch dir bruecht?         En Diplom.        
Iwwer wéi een Ancien wéils du eppes an der Newsletter liesen an firwat?         Egal, soulang d’Leit intressant sinn an eppes ze zielen hunn intresseiert et mech.        
Wors du op Lloret?       Jo…      
Wors du jeemools zeréck op Lloret?         Hell no! Et ginn vill zevill intressant Platzen op der Welt ze entdecken!      
Zum Schluss, wéi een Rod géifs du engem Schüler den haut am Kolléisch ass mat op de Wee ginn ?               Loss der net zevill soen ‘et gett nemmen deen een Wee’. Zu Letzebuerg gett oft ganz limitéiert geduecht: du gees Englesch studeieren, also muss du jo baal Englesch Proff ginn. Et ass wichteg säin eegene Wee ze fannen an net ze mengen dass alles sou sinn muss wei et all Mensch mecht!  

Laisser un commentaire