Journée des Anciens – Athénée de Luxembourg

Léif Frënn vum Stater Kolléisch, Den 13. Juli 2024 vu 18 bis 23 Auer fënnt eis Journée des Anciens statt! 

Fir dëse Moment de rencontre mat Cocktail Dînatoire sinn d’Anciens aus dem Kolléisch vun all de Promotiounen, souwuel d’Memberen wéi d’Net-Memberen vun der AAA, Enseignant-e, administrativt oder technescht Personal häerzlech wëllkomm! Doriwwer eraus wäerte wärend dem Owend och Visitte vum renovéierte Gebai ugebuede gi fir d’Nostalgie erëm e bëssen opliewen ze loossen 😉

Wann der wëllt dobäi sinn, da fëllt wann ech gelift dëse Formulaire aus: https://docs.google.com/…/1FAIpQLSfc285SDN3iwj…/viewform

Zéckt definitiv net dësen Event fréiere Schoulkolleege weider ze schécken a fir zesummen Iech hei unzemellen.

Aus organisatoresche Grënn ass d’Umeldung obligatoresch an wann dir wëllt dobäi sinn, dann iwwerweist eis wann ech gelift bis spéitstens den 20. Juni 45€ op de Konto vun der AAA (IBAN LU06 1111 0758 8834 0000) mat der Mentioun « Journée des Anciens 2024 + Numm + Virnumm ». 

Mir freeë eis all Ancien den 13. Juli am Preau vum Kolléisch däerfen ze begréissen!