Journée des Anciens – Athénée de Luxembourg

Léif Frënn vum Stater Kolléisch, Den 13. Juli 2024 vu 18 bis 23 Auer fënnt eis Journée des Anciens statt! 

Fir dëse Moment de rencontre mat Cocktail Dînatoire sinn d’Anciens aus dem Kolléisch vun all de Promotiounen, souwuel d’Memberen wéi d’Net-Memberen vun der AAA, Enseignant-e, administrativt oder technescht Personal häerzlech wëllkomm! Doriwwer eraus wäerte wärend dem Owend och Visitte vum renovéierte Gebai ugebuede gi fir d’Nostalgie erëm e bëssen opliewen ze loossen 😉

Mir freeë eis all Ancien den 13. Juli am Preau vum Kolléisch däerfen ze begréissen!